ZESUMME STAARK
FIR EN ENSEIGNEMENT MAT QUALITÉIT

Syndicat du personnel de l’Éducation nationale œuvrant spécifiquement dans l’intérêt des élèves à besoins éducatifs spécifiques Association sans but lucratif affiliée à la CGFP

De SPEBS setzt sech an fir

  • eng legal Basis fir all d’Tâche mat adequaten, fairen a gudden Aarbechtskonditioune am Sënn vun engem héichwäertegen Enseignement, der Inclusioun an enger adaptéierter Betreiung vun alle Schüler a Schülerinnen
  • d’Solidaritéit, den Austausch an d’Zesummenaarbecht vun allen Agenten déi am Enseignement an, am Besonneschen, bei Kanner mat spezifesche Besoine schaffen
  • d’Agenten an ënnerstëtzt si bei Froen a Schwieregkeeten am Kader vun hirem Beruff
  • eng gutt Kooperatioun mat der CGFP an hiren aneren Ënnerorganisatiounen

News vun Facebook

Wie ka Member ginn?

  • d’Personal aus de Centres de compétences en psychopédagogie spécialisée an der Agence de transition
  • d’Personal aus dem Enseignement fondamental (ESEB, I-EBS, asw)
  • d’Personal aus dem Enseignement secondaire (ESEB, SEPAS, SSE, asw)
  • all weidert Personal aus der Educatioun, dat mat Schüler a Schülerinne mat spezifesche Besoine schafft.

Wéi gëtt ee Member?

  • Dir kënnt Demande d'adhésion mat der Autorisatioun de prélèvement automatique (SEPA)ausfëllen an ënnerschreiwen an entweder per mail un tresorier@spebs.lu oder un SPEBS 1, rue des champs L-3327 Crauthem schécken.
  • Wann dir d'Autorisatioun de prélèvement ënnerschriwwen hutt, gëtt är Cotisatiounautomatesch am Mäerz ofgebucht.
  • Wann dir keng esou eng Autorisation ënnerschriwwen hutt musst dir de Beitrag fir den 1. Mäerzop den SPEBS Kont iwwerweisen.
Duerch Är Memberschaft gitt Dir der CGFP an dem Comité vum SPEBS den Accord fir Är Donnéeën ze stockéieren.

Wéi HéICH ASS MÄI BÄITRAG?

  • 65 Euro fir nei Memberen
  • 50 Euro fir d'Pensionnéiert
  • 15 Euros fir déi déi schons bei enger anerer CGFP Ënnerorganisatioun affiliéiert sinn

PDF


WORD

Kontakt

Fir allgemeng Froen oder zur Ärer Aarbechtssituatioun

comite@spebs.lu

Fir d’Donnéeë bzgl. Ärer Memberschaft

Tresorier@spebs.lu

Facebook: SPEBS

Statuten

D'Statuten sinn als PDF-Download verfügbar.

Comité SPEBS 2024

Thiel Jessica Presidentin
Dias de Almeida Claudia Vizepresidentin an Tresorière
Hartung Jerry Sekretär
Mais Lynn 2. Sekretärin
Heidenthal Alexandra Member
Muller Claudine Member
Origer Mireille Member
Reeff Patrick Member
Seil Sony Member